Ecoutez ici un reportage au sujet d'Intellego lors du RTL Owesjournal du 1 août 2012 à 18h30.
Wëllkomm op der offizieller Säit vun Intellego
Intellego bitt Iech Nohëllef am ganze Land, an alle Fächer an fir all Klassen un.
Mir verfügen am Moment iwwer 2190 Clienten an 948 Formateuren.
Eis Formateure sinn Studenten oder, op äre Wonsch, diploméiert Persounen, a wann der wëllt, kommen si bei Iech heem (am Präis mat dran). Esou gesitt Dir mat weem äert Kand schafft a virun allem wéi. Di éischt Stonn ass gratis wann dir net zefridde sidd, a mir sichen Iech en Ersatz bis dass mir dee fir Iech optimale Formateur aus eiser grousser Auswiel fonnt hunn.
Eis Präisser si vill méi niddreg wéi déi vun der Konkurrenz: Se variéieren tëschent 22 an 29 Euro d'Stonn fir e Formateur aus dem Lycée. D'Präisser fir eng diploméiert Persoun ginn individuell ofgeschwat.
Renomméiert Partner wéi axxess, de Knax-Club oder ALTISSIA ënnerstëtzen eise Projet an bidden Iech zesumme mat eis weider Virdeeler: Eng Reduktioun vun 5% op de Carnetën, individuell Sproochecoursen, ...
Besicht eis Säit fir esou séier wéi méiglech all eis innovativ a performant Servicer kennen ze léieren.
Widderhuelung während der Päischtvakanz an de Fächer Mathematik, Chimie a Physik mat engem diploméierte Formateur (25 €/h)
Reportage RTL